Ski alpinDavid Poisson beim Training a Kanada gestuerwen

2013 hat de Fransous bei de Weltmeeschterschaften eng Bronz-Medail an der Descente gewonnen.

© AFP/Archives

Déi déidlech Chute ass e Méindeg beim Training geschitt.

Op der kanadescher Schi-Statioun Nakiska hat de Poisson sech op d'Descente- an d'Super-G-Courssen zu Lake Louise, och am Kanada, virbereet. Dës Courssen, déi fir de 25. a 26. November virgesi sinn, ziele fir d'Coupe du monde.

Déi franséisch Schifederatioun huet bis ewell keng Eenzelheeten iwwert d'Ongléck public gemaach. Mëttlerweil ginn et awer nei Detailer. Wéi déi kanadesch Police der Noriichtenagence AP bestätegt huet, ass de Poisson duerch d'Sécherheetsnetzer gerutscht an ass mat engem Bam kollidéiert. Den Ausléiser vun der Chute war, dass de Fransous e Schi verluer hat.

Artikel vun der AFP op 5minutes.lu.