BasketballD'Sparta wënnt géint de Racing mat 85 op 82

Am Basket war e Freideg den Owend eng virgezunne Partie vum 10. Spilldag. D'Sparta gewënnt 85–82 géint de Racing - déi 7. Defaite en Serie fir déi Stater.

An déi hätt net misste sinn. D'Sparta hat zwar besser ugefaangen a war an der Paus 9 Punkte vir. Mä de Racing huet mat engem 11:0 reagéiert an de Match ausgeglach.

Fir d'Sparta gouf et eng Zidderpartie, wou si um Enn méi Iwwersiicht haten.

3 Minutte viru Schluss stoung et 74:73. Den Opsteiger war ganz no drun. Trotz engem 3er-Festival vum Louis Soragna goung et um Enn awer net duer. De Racing war vu virera benodeelegt, well si hate just de Scott Morton op der Positioun vum Auslänner. Den ugekënnegten Ersatz fir de Mac Allister war net duerch de Médico komm an huet keng Lizenz zu Lëtzebuerg kritt.

E Samschdeg den Owend spillt Steesel géint d'Musel Pikes. Hiefenech kritt Besuch vum T71 Diddeleng. A Konter trëtt doheem géint Esch un.

An enger Partie fir den 12. Spilldag am Dammechampionnat huet d'Sparta Bartreng 49 op 76 géint d'Musel Pikes verluer.



IWWERBLÉCK: Alleguer d'Matcher vun den Hären an d'Tabell.

FOTOGALERIE: Andréck vum Dammematch Sparta-Musel Pikes (49:76) vum Maya a Robert Straus.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.