CyclocrossMajerus kënnt op 19, Sanne Cant wënnt zu Zolder

42 Minutten a 24 Sekonnen huet déi Belsch Weltmeeschterin gebraucht, fir de Parcours zu Zolder hannert sech ze bréngen.

D'Christie Majerus beim Cyclo Cross World Championships zu Bieles© pressphoto.rtl.lu (Archiv)
Mat dräi Sekonne Retard fiert d'Amerikanerin Katie Compton iwwer d'Linn d'Arrivée a séchert sech esou déi zweet Plaz, dat virun der Italienerin Eva Lechner, déi 7 Sekonne Retard hat.

Mat 2 Minutten an 5 Sekonnen no der Gewënnerin fiert d'Lëtzebuergerin Christine Majerus iwwer d'Zillinn, dat als 19. 1 Sekonn hannert dem Emma White a mat 4 Sekonne Virsprong op Kim Van de Steene.

Bei der Elite bei den Häre kënnt den Vincent Dos Santos op déi 45. Plaz. Gewonne gouf d'Course vum Mathieu Van der Poel, deen 1 Stonn, 3 Minutten a 16 Sekonne gebraucht huet. Domadder hat hien 33 Sekonnen Avance op de Laurens Sweeck an de Wout Van Aert, déi op d'Plazen 2 an 3 kommen.

Bei der U23 war d'Course fir de Brit Thomas Pidcock, deen 51 Minutten a 55 Sekonne gebraucht huet. Beschte Lëtzebuerger gëtt hei de Félix Schreiber, dee bal 5 Minutte Retard hat an als 33. ukomm ass.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.