CyclocrossChristine Majerus wënnt Coupe de France zu Flamanville

Et war déi véiert a lescht Manche vun der Coupe de France, déi um Samschdeg gefuer gouf.

Exploit vum Christine Majerus bei der Cyclocross-Course zu Flamanville a Frankräich. D'Lëtzebuerger Sportlerin konnt déi lescht Manche an der Course vun der Coupe de France mat groussem Ofstand fir sech entscheeden.© Boels-Dolmans
An do ka sech d'Lëtzebuergerin behaapten, 38 Sekonne virum Marlène Petit a 44 virun der franséischer Championne Caroline Mani.

Plaz 4 war fir d'Lucie Chainel, déi domat d'Coupe de France bei den Damme gewënnt.




Et ass ewell déi zweete Kéier an dëser Coupe, no Jablines Ufank Dezember, datt sech d'Christine Majerus eleng op der Ligne d'arrivée presentéiert.




D'Lëtzebuerger Championne ass och e Méindeg beim Cyclocross zu Péiteng um Depart.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.