ATP-Tournoi vu BrisbaneNom Out am Simpel, och Out am Dubbel fir Muller

Nom Out en Dënschdeg am Simpel, gouf de Gilles Muller e Mëttwoch de Moien eiser Zäit beim ATP Tournoi zu Brisbane an Australien och am Dubbel eliminéiert.

© RTL-Archiv
De Lëtzebuerger verléiert zesumme mat sengem amerikanesche Partner Steve Johnson an zwee Sätz mat 6-7 a 5-7 géint déi hollännesch/Neiséilännesch Koppel Wesley Koolhof/Artem Sitak.