VIDEO: Liichtathletik: Regio-MeetingVera Hoffmann a Bob Bertemes Champion iwwer 3000 Meter

Am Kader vum zweeten Regio-Meeting an der Coque e Samschdeg de Mëtteg war och dat nationaalt Championnat iwwert 3000 Meter.

Liichtathletik: Regio Meet an der Coque (14.01.2018)
De Bob Bertemes an d'Vera Hoffmann konnte sech den Titel iwwer 3000 Meter sécheren.
Wei erwaart gouf et bei den Dammen eng Victoire vum Vera Hoffmann. Dëst an enger Zäit vun 9 Minutten 30 Sekonnen an 28 Honnertstel, domat bleift si knapp eng Sekonn iwwert hirer eegener Beschtleeschtung. Op déi zweete Plaz am Championnat kënnt d'Margaux Bruls, déi mat hiren 10 Minutten 22 Sekonnen an 8 Honnertstel en neien nationalen Indoor-Rekord bei de Cadettes opgestallt huet. Op dei drëtten Plaz koum d'Sophie Klopp Sowa vum CAEG.

Bei den Häre konnt sech de Bob Bertemes géint säi gréissten Konkurrent den Andrea Baratte duerchsetzen. Den Bob Bertemes ass no 8 Minutten 22 Sekonnen an 78 Honnertstel als éischten iwwert d'Ligne d'Arrivée gelaf. Hannert dem Andrea Baratte huet sech de Christophe Kass als Drëtte klasséiert..

Iwwert 200 Meter konnt d'Patrizia Van der Veken hir Course an 24 Sekonnen an 33 Honnertstel fir sech entscheeden

Eng weider gutt Performance koum bei dësem Meeting vum Lena Kieffer iwwert 800 Meter, wou si déi Zweet gëtt.

Den Charel Gaspar konnt säi Concours am Héichsprong mat iwwersprongenen 2 Meter 03 fir sech entscheeden. Mat iwwersprongene 4 Meter 80 huet de Joe Seil de Concours am Stafhéichsprong gewonnen.

PDF: Resultater Regio-Meeting 2