Australian OpenDe Gilles Muller ass an der 1/16-Finall

Um 5.15 Auer e Mëttwoch de Moie fréi eiser Zäit huet de Lëtzebuerger sech géint den Tunesier Jaziri a 5 Sätz konnten duerchsetzen.

De Gilles Muller ass an der 1/16-Finall (17.01.2018)
Um 5.15 Auer e Mëttwoch de Moie fréi eiser Zäit huet de Lëtzebuerger sech géint den Tunesier Jaziri a 5 Sätz konnten duerchsetzen.
Et war en haart Stéck Aarbecht, ma no 4 Stonnen Tennis, steet de Gilles Muller am drëtten Tour vun den Australian Open zu Melbourne. Um Enn stoung et 7-5 ; 6-4; 6-7; 3-6 an 6-2, no 4 Stonne Match. De Jaziri ass als 100. am ATP-Ranking klasséiert.

Gilles Muller an der 1/16-Finall/Reportage Jeff Kettenmeyer



Et war genau sou, wéi de Gilles Muller sech dat erwaart huet.
Schonns nom éischten Tour sot hien, datt et den Ament géint kee Géigner géif einfach ginn, well hien a punkto Topform nach vill Loft no uewen hätt.
Géint de Jaziri louch de Lëtzebuerger 2-0 an de Sätz vir an huet dunn awer nach missten iwwer 5 Sätz goen.

De nächste Konkurrent vum Gilles Muller ass de Spuenier Pablo Carreño Busta. An der Weltranglëscht steet den 26 Joer ale Spiller op der 11. Plaz. De Gilles Muller ass den Ament d'Nummer 28 op der Welt, also 17 Plazen hannert dem Carreño Busta.

Et war ee laange Match, dee sech also iwwer 4 Stonne gezunn huet, war et den erwaarte schwéiere Match?

Extrait Gilles Muller (1)



Geheimfavorit Grigor Dimitrov rett sech no 5-Saz-Krimi an den drëtten Tour
De Grigor Dimitrov, deen op Nummer 3 gesat ass bei den Australian Open, huet sech no 3 Stonnen an 28 Minutten mat 4:6, 6:2, 6:4, 0:6 an 8:6 géint den 22 Joer alen Amerikaner Mackenzie McDonald konnten duerchsetzen. Een haart Stéck fir de Bulgar, deen et am nächsten Tour mat engem weidere jonke motivéierte Spiller ze di kritt an zwar mam Andrey Rubel aus Russland, dee sech am zweeten Tour géint den Zypriot Marcos Baghdatis behaapte konnt.




Fir ee Youngstar ass den Tournoi awer schonns eriwwer. Den 18 Joer ale Kanadier huet sech mat 6:3, 3:6, 6:1, 6:7 a 5:7 missen dem Jo-Wilfried Tsonga geschloe ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.