Australian OpenAm 3. Tour erwaarden de Gilles Muller e Spuenier an 39 Grad

De Gilles Muller spillt op den Australian Open am 3. Tour, an der Nuecht am 2. Match no 1 Auer. An do soll et richteg waarm ginn, mat bis zu 39 Grad.

© RTL Archivbild
Eiser Zäit geet de Match um 3 Auer an der Nuecht un, ëm déi Zäit si schuckeleg 39 Grad gemellt. D’Partie géint de Spuenier Pablo Carreño Busta, ass um Margret Court, deem zweetgréisste Stadion zu Melbourne mat 7500 Spectateuren.

Bis elo hunn déi 2 bis 3 mol géintenee gespillt. Eng Kéier huet de Lëtzebuerger Sportler vum Joer gewonnen, dat war virun 2 Joer am 1. Tour op den Australien Open. Am leschten Duell hat sech de Muller zejoert an der Final zu Estoril op Sand géint de Spuenier misse geschloe ginn.

De Gilles Muller ass frou eng Ronn weider ze sinn


Weider nennenswäert Resultater
De Belsch David Goffin, 7. an der Weltranglëscht, ass am zweeten Tour eliminéiert ginn. De Goffin huet sech mat 6:1, 6:7, 1:6 a 6:7 dem Fransous Julien Benneteau misste geschloe ginn. Deen ass d'Nummer 59 op der Welt.

Och fir d'Nummer 9 vun der Welt sinn d'Australian Open schonns no der 2. Ronn eriwwer. De Stan Wawrinka huet sech nämlech hei missen dem Amerikaner Tennys Sandgren mat 2:6, 1:6 a 4:6 misse geschloe ginn.

Da konnt och nach den 22 Joer alen däitsche Maximilian Marterer de Fernando Verdasco eliminéieren, dat mat 6:4, 4:6, 7:6, 3:6 a 6:3.

D'Nummer 1 vun der Welt bei den Dammen, d'Simona Halep, konnt sech kloer maz zweemol 6:2 géint d'Eugenie Bouchard behaapten. Weider Victoirë gouf et fir d'Angelique Kerber, d'Karolina Pliskova an d'Maria Sharapova.

Dann huet d'Andrea Petkovic sech géint d'Lauren Davis aus den USA misse geschloe ginn. Déi däitsch Tennisspillerin konnt den éischte Saz mat 6:4 gewannen, allerdéngs gouf et dono d'Héchststrof fir d'Petkovic, dat well d'Davis déi zwee uschléissend Sätz mat 6:0 fir sech entscheede konnt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.