Vu Bayern confirméiertDe Leon Goretzka wiesselt am Summer op München

Ewéi Bayern München e Freideg bekannt ginn huet, wiesselt de Leon Goretzka am Summer bei den däitsche Rekordmeeschter.

© afp
Domat verléisst den däitschen Nationalspiller Schalke Enn der der Saison, fir sech a Richtung München op de Wee ze maachen. Well de Vertrag vum 22 Joer ale Goretzka Enn der Saison ausleeft, muss de Rekordmeeschter och näischt fir dat däitscht Talent bezuelen.




Zanter 2013 huet hie fir Schalke gespillt, woubäi hien an 130 Asätz op 19 Goaler an 13 Virlage koum.

Bayern war awer net deen eenzegen Interessent, och den FC Barcelona, Real Madrid, Juventus Turin a Liverpool sollen um Goretzka interesséiert gewiescht sinn.

De Goretzka zielt als eent vun de villverspriechendsten Talenter am däitsche Football. Zu München ënnerschreift hien ee Kontrakt vu 4 Joer, dat bis den 30. Juni 2022.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.