Schi-FléienDen Norweger Daniel Andre Tande neie Weltmeeschter

E Freideg an e Samschdeg gouf d'Weltmeeschterschaft am Schi-Fléien zu Obertsdorf ausgedroen. Um Enn stoung den Daniel Andre Tande ganz uewen um Podium.

Zweeten gëtt de Kamil Stoch aus Polen an den Däitschen Richard Freitag kënnt op déi 3. Plaz.

Nom drëtten Duerchgang um Samschdeg louch de Norweger Daniel Andre Tande weiderhin a Féierung. De Kamil Stoch konnt eng Plaz gutt maachen a stoung nom drëtten Duerchgang op der zweeter Plaz. De Richard Freitag hat e schwaache Sprong erwëscht an war vun der zweeter op déi drëtt Plaz zeréckgefall. De véierten an entscheedenden Duerchgang huet dunn awer wéinst dem schlechten Wieder missen ofgebrach ginn.

E Freideg waren déi éischt zwee Duerchgäng vun der Weltmeeschterschaft am Schi-Fléien. Dee Stäerksten e Freideg war den Norweger Daniel Andre Tande, dee schonns an der Qualifikatioun de Schanzerekord vum Andreas Wellinger gebrach hat. Nom Freideg stoung de Richard Freitag, deen no senger Chute bei der Véierschanzentournée e Freideg säi Comeback ginn huet, op der zweeter Plaz. Den Däitschen hat zwee ganz staark Duerchgäng a war méi ewéi zefridde mat senger Leeschtung. Déi drëtt Plaz e Freideg war fir de Kamil Stoch. De Pol, deen eréischt viru kuerzem d'Véierschanzentournée op beandrockend Aart a Weis gewanne konnt an do och als zweete Schisprénger an d'Geschicht agaangen ass, deen alle véier Sprange gewanne konnt, peilt den nächste groussen Erfolleg un.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.