FLT Coupe 2018Spora a Schéiss gewannen

Bei de Juniore gewannen d'Spora bei de Meedercher an den Houwald bei de Jongen.

© FLT
Dëse Weekend stoung de Lëtzebuerger Tennis ganz am Zeechen vun den Entscheedungen ëm déi verschidden FLT CUP Gewënner, also wéi eng Veräiner sech den Titel vun der „Coupe de Luxembourg“ an hire Palmarès kéinten androen.

Béid Finallen an der Coupe Jeunes sinn zweemol eréischt an den Dubbelen entscheet ginn. Um Enn waren d'Spora Meedercher mat 2 gewonnenen Dubbelen dem Houwald 5-2 iwwerleeën a bei de Jongen stoung et um Enn 4,5 - 2,5 fir den Houwald.

Bei de Seniors waren et d'Spora an d'Schéiss, déi souwuel bei den Dammen, wéi och bei den Hären an der Finall stoungen.
Mat ganz bekannten Nimm aus dem Lëtzebuerger Tennis si béid Veräiner an de Finallen opgetrueden.

Scheidweiler, Correia, Schaul, d'Geschwëster Kremer an d'Bridder Tholl, fir der e puer ze nennen, konnte sech ënnert den Ae vum Davis Cup Kapitän an der Fed Cup Kapitänin dem Public am nationalen Tennis Center zu Esch presentéieren. 
Et sollte spannend Rencontere gi bis d'Coupe Gewënner 2018 feststoungen, well et no de Simplë jeeweils 2-2 stoung.

D'Entscheedungen hunn also missen an den Dubbele falen. An et sollt spannend bis zum Schluss bleiwen.

Bei den Damme sinn di 2 Dubbelen am Match Tie Break un d'Spora gaangen, sou dass et um Schluss 5-2 fir d´Equipe aus dem Bambësch geheescht huet.
Bei den Hären war et net manner spannend, well och do hunn a béiden Dubbele misse Match Tiebreaken d'Entscheedung iwwert de Coupegewënner 2018 bréngen.

An hei war et d'Team vun der Schéiss , déi sech a béide Match Tie Breaker duerchsetze konnt fir um Enn mat 5-2 géint d'Spora ze wannen.

Dëschtennis Coupe Finallen: Reportage Jeff Kettenmeyer



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.