2. BundesligaReprise vum Championnat fir Bielefeld a Kaiserslautern

An der zweeter Däitscher Football-Bundesliga ass en Dënschdeg den Owend d'Reprise no der Wanterpaus.

Déi zwee Lëtzebuerger Trainer Jeff Saibene vu Bielefeld a Jeff Strasser vu Kaiserslautern spillen awer eréischt e Mëttwoch den Owend géint Fürth, respektiv zu Darmstadt. Déi 2. Bundesliga gëtt jo ëmmer Live um däitsche Sky iwwerdroen, an de Franky Hippert huet beim Christina Rann, déi dat ganzt ëmmer op där Chaîne moderéiert, nogefrot, wei si d'Réckronn fir déi zwee Lëtzebuerger Trainer gesäit.

Reprise an der 2. Bundesliga/Reportage Franky Hippert

De Jeff Saibene ass jo zanter Mäerz zejoert um Trainerstull zu Bielefeld, de Jeff Strasser huet de Posten zu Lautern am September iwwerholl. Och fir déi däitsch Medien war et en Novum zwee Lëtzebuerger an der zweeter Bundesliga op engem Trainerstull ze hunn.

Fir d'Presentatrice vu Sky ass kloer, fir den 1.FC Kaiserslautern, ass näischt onméiglech, an awer muss ee realistesch sinn.

Lautern also um Tabellewupp, Bielefeld no 18 Spilldeeg op der 9. Plaz. D'lescht Saison hat de Jeff Saibene jo d'Sensatioun fäerdeg bruecht, d'Arminia in extremis nach an der zweeter Bundesliga ze halen. De fréieren Trainer vun ënnert anerem Sankt Gallen huet sech an Däitschland mëttlerweil en Numm gemaach, an d'Christina Rann traut dem Saibene och d'éischt Liga zou.

Fir Bielefeld kann et an der Tabell souwuel séier no uewen, wei och no ënne goen. Bei Lautern gëtt et als Leschte just eng Direktioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.