Basket: Play-offTrotz verännertem Modus, 6 Equippen hu Chance op den Titel

Anescht wéi an de Jore virdrun, gëtt et am Titelplay-off dës Kéier just eng Allersronn a kee Retour méi. Aus 10 Matcher sinn der also just nach 5 ginn.

Basket-Championnat Titelplay-off / Rep. Jeff Kettenmeyer



Trotzdeem hunn déi 6 Equippen herno nach d'Chance Champion ze ginn.

Déi zwou éischt Equippen nom Play-off stinn direkt an der Halleffinall vum Championnat. Déi aner 4, nämlech den 3. géint de 6. an de 4. géint de 5. spillen eng Véirelsfinall, fir ze kucken, wien nach an de Final 4 kënnt.

Zanter dem leschte Weekend den Titelplay-off am gaangen. Den Ament gesäit et ganz staark duerno aus, wéi wa Steesel an d'Etzella déi éischt zwou Plaze géife buchen.

D'Amicale kéint e Freideg mat enger Victoire géint Esch alles kloer maachen.

De Basket Esch probéiert wuel zu Steesel ze wannen, ma wann et net klappt dann ass nach ëmmer net all ze vill geschitt, sou de Pit Biever nom leschte Match an der Néierlag géint d'Etzella.

D'Etzella hirersäits wëll e ganz eescht d'Wuert ëm de Championstitel matschwätzen. E Freideg kënnt d'Sparta op Besuch.

Déi lescht 2 Joer hunn d'Musel Pikes ëmmer de Sprong an d'Finall gepackt, ma dëst d'Joer hat de Motor awer e puer Mol Problemer. Mat der Victoire géint Steesel hunn déi Miseler awer gewisen, datt elo nees mat hinnen ze rechnen ass, sou de Jean Kox.

Den T71 Diddeleng ass den Ament op der 4. Plaz, 1 Punkt virun de Pikes. D'Sparta läit a Lauerstellung op Plaz 6.