JudoMarie Muller elo Coach vum Manon Durbach

D’Marie Muller ass erëm zeréck am Lëtzebuerger Judo an dat als Coach. D’Olympia-Fënneft vu London trainéiert vun elo un d’Manon Durbach.

© Roland Miny
D’Judoka vum Cercle Esch wëll sech fir d’Summerspiller 2020 zu Tokio qualifizéieren an hofft dobäi, vun der Experienz vum Marie Muller ze profitéieren.

D’Koppel ass dëse Weekend beim Grand Slam zu Paräis am Asaz.

Méi Informatioune ginn et op enger Pressekonferenz nächsten Donneschden um 18.00 Auer an der Coque.  

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.