Lëtzebuerger Footballer am AuslandChris Philipps wënnt mat Legia Warschau

An der 90. Minutt ass den decisiven 3:2 fir Warschau, déi nei Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller, dee jo vu Metz koum, gefall.

© Roland Miny - pressphoto.rtl.lu (Archiv)
Warschau steet a Polen op Plaz 1 an der Tabell an hat e Freideg den Owend auswäerts géint Zaglebie Lubin, ëmmerhin op Plaz 6 an der Tabell, mussen untrieden.

Nodeems Legia an de Paus 1:0 vir war, ass et zum Schluss hektesch ginn. Direkt no der Paus, an der 46., ass nämlech den 1:1 gefall. An der 67. war du Warschau nees vir, 2.1.

Ma an der 90. krut Lubin en Eelefmeter, also 2:2. An an der Nospillzäit krut du Legia och een, also awer 3:2 fir Warschau.

De Chris Philipps huet déi 90 Minutten duerchgespillt, Legia bleift mat dëser Victoire vir an der Tabell.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.