HandballHC Bierchem a Red Boys Déifferdeng am Challenge Cup

Dëse Weekend sinn am Handball zwee Lëtzebuerger Veräiner an den Aachtelsfinalle vum europäesche Challenge Cup am Asaz.

© Val Wagner
Déi Bierchemer trieden 2 Mol doheem un. D’Red Boys Déifferdeng spillen den Aller-Match auswäerts.

Virschau op den Challenge Cup - Reportage Serge Olmo



Den HC Bierchem spillt géint den HC Zaporozhye aus der Ukrain. Dës Formatioun ass u sech de Centre de Formation vun der Haaptequipe vun Zaporozhye, déi Champions League spillt. Et sinn also jonk an talentéiert Elementer am Kader.

Déi ukrainesch Formatioun ass keng total Onbekannte fir eis hei zu Lëtzebuerg. Zejoert hat den HBD 2 Mol doheem géint dës Equipe gespillt. Déi Diddelenger konnte sech och fir d’Véierelsfinall qualifizéieren.

Den Aller-Match tëscht Bierchem an Zaporozhye ass e Samschdeg um 18 Auer an de Retourmatch e Sonndeg um 17 Auer. Dëst 2 Mol zu Krautem an der Sportshal.

Déi Déifferdenger sinn en Donneschdeg a Russland geflunn. Den Aller-Match gëtt e Samschdeg de Mëtteg um 15 Auer eiser Zäit zu Budennosk gespillt, ronn 1300 km wäit ewech vu Moskau. Op RTL.lu publizéiere mir e Link fir e Livestream.

Déi Déifferdenger sinn natierlech net vun Informatiounen iwwerschott ginn. De Joe Faber ass nawell optimistesch fir d’Red Boys.
 
Den Déifferdenger Retourmatch géint Dynamo-Victor ass e Samschdeg an enger Woch.