ATP-Tournoi zu SofiaGilles Muller verléiert an der Véierelsfinall

De Freideg ass de Gilles Muller an der Véierelsfinall vum ATP-Tournoi zu Sofia ugetrueden. Hei hat de Lëtzebuerger et mat engem Rumän ze dinn.

© pressphoto Archiv
Am éischte Saz konnte béid Spiller bis zum Stand vu 4:4 hire Service duerchbréngen, ma am 9. Jeu konnt de Copil de Lëtzebuerger breaken, dat well de Gilles Muller säi Jeu mat engem Duebelfeeler ofginn huet. Esou konnt de Copil den éischte Saz mat 6:4 gewannen.

Am zweete Saz ass et net vill besser gaange fir d'Lëtzebuerger Nummer 1. Och den zweete Saz entscheet de Copil mat 6:4 fir sech an domat eliminéiert hien de Gilles Muller a steet an den Halleffinallen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.