ITF-Tournoi zu GrenobleMolinaro steet no weiderer Victoire an der Halleffinall

D'Serie u Victoirë fir d'Eleonora Molinaro geet weider, e Freideg konnt si schonn nees gewannen, dat géint d'Audrey Albie aus Frankräich.

Direkt am éischte Jeu konnt d'Eleonora Molinaro hir Géignerin, d'Audrey Albie breaken. Ma d'Spillerin aus Frankräich huet sech dëst net gefale gelooss an huet direkt och mat engem Break geäntwert. Awer och d'Lëtzebuergerin war elo gewarnt a konnt de Spillerin aus Frankräich de Service direkt nach eng Kéier ofhuelen. Beim Stand vu 5:3 fir d'Lëtzebuergerin konnt si bei géignereschem Opschlag hiren éischte Sazball notzen, fir den éischte Saz mat 6:3 ze gewannen.

Am zweete Saz ass et awer net ganz esou gutt gaange fir déi jonk Lëtzebuergerin. Et war ee ganz enke Saz, wou béid Spillerinne Breaks realiséiere konnten, ma um Enn huet et missen an den Tiebreak goen an do huet d'Lëtzebuergerin sech mat 2:7 misse geschloe ginn, esou dass si de Saz mat 6:7 verluer huet.

Am drëtte Saz ass der Spillerin aus Frankräich dunn awer d'Loft ausgaangen an dat huet d'Lëtzebuergerin äiskal ausgenotzt an huet keng Schwächt gewisen, fir de Saz kloer mat 6:1 ze gewannen an domat och de Match. An der Halleffinall spillt d'Molinaro elo entweder géint d'Marina Melnikova oder géint déi op 1 gesaten Tamara Korpatsch.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.