NBA: Trade-WahnsinnDwyane Wade, Derrick Rose an Isaiah Thomas verloossen d'Cavs

Um Deadline-Day vun der NBA hunn d'Cavs nach ganzer 3 prominent Trades realiséiert.

Den Isaiah Thomas huet nëmme 15 Matcher fir d'Cleveland Cavaliers absolvéiert.© afp
Den Isaiah Thomas, deen eréischt kuerz virun der Saison bei Cleveland getrade gouf, dat ënnert anerem am Tausch géint de Kyrie Irving, dee Richtung Boston gezunn ass, huet de Veräin schonn nees misse verloossen. Elo hunn d'Cavs hie Richtung Los Angeles bei d'Lakers geschéckt, dat zesumme mam Channing Frye, dee Cleveland och verloosse muss. D'Equipe aus Kalifornien kritt och nach een 1. Ronn Pick vun de Cavaliers. Am Géigenzuch kommen den Jordan Clarkson an de Larry Nance Jr vun de Lakers.

An engem zweeten Trade musse véier weider Spiller d'Cavs verloossen, dorënner och den MVP aus der Saison 2010/2011. Zesumme mam Derrick Rose trade si den Jae Crowder a Richtung Utah. Den Joe Johnson an den Iman Shumpert spillen an Zukunft fir d'Sacramento Kings. D'Cavaliers kréien awer nëmmen zwee Spiller amplaz an zwar de Rodney Hood vun de Utah Jazz an den George Hill vun de Sacramento Kings.

Den Derrick Rose gouf an der Saison 2010/2011 zum MVP gewielt, deemools huet hien nach fir d'Chicago Bulls gespillt.© afp

An engem leschten Trade schécke si den Dwyane Wade zeréck op Miami, dee mat der Equipe aus Florida schonns dräimol Champion ginn ass. Hei kënnt awer kee Spiller op Ohio, mee d'Cavs kréien een 2. Ronne Pick.

Den Dwyane Wade geet zeréck bei d'Miami Heat.© afp


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.