Olympesch Spiller zu PyeongchangWat geschitt mat den Infrastrukturen no de Spiller?

D'Olympesch Spiller ginn e Sonndeg op en Enn. Dacks ass et duerno esou, dass no Olympesche Spiller d'Infrastrukturen eidel stinn a mat der Zäit zerfalen.

© afp
Infrastrukturen Olympesch Spiller / Reportage Rich Simon



Dat ass gréisstendeels zu Rio geschitt an och no de Wanterspiller zu Sotchi a Russland. De Chef de Mission vun der Lëtzebuerger Delegatioun, Heinz Thews, ass der Meenung, dass dat a Südkorea net onbedéngt de Fall ass. Virun allem wat déi Alpin Disciplinnen ugeet. Hei handelt et sech nämlech ëm e Schigebitt, wat et och scho virdru gouf an net komplett nei gebaut ginn ass. Och d'Hoteller zu Pyeongchang gehéieren zum Wantersportgebitt a goufen net alleguer nei gebaut. An dozou gehéieren natierlech och d'Schipisten. Fir den Heinz Thews gouf hei nohalteg investéiert a verbessert.

Nieft den Infrastrukturen am Schi Alpin ginn et awer och nach Halen, déi fir d'Olympesch Spiller hu musse gebaut ginn. Hei ass den Heinz Thews sech net sécher, wéi et no de Spiller mat deene weider geet. Do wäert dann d'Zukunft wiesen, ob e Konzept dohannert steet oder ob et wéi esou dacks an der Vergaangenheet zum Zerfall vun der Infrastruktur kënnt.

D'Olympesch Spiller daueren nach bis e Sonndeg a ginn traditionell mat der Ofschlossfeier op een Enn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.