Éierepromotioun: 14. SpilldagEtzella klappt Käerjeng a kënnt dem Tabellenzweete méi no

E Mëttwoch huet d'Etzella sech 4:2 géint Käerjeng behaapt an huet elo nach 3 Punkte Retard op déi 2. Plaz. Rëmeleng huet Hesper geklappt a bleift Éischten.

D'Etzella Ettelbréck wëllt déi nächst Saison nees an der héchster Divisioun spillen. E Mëttwoch den Owend huet de Veräin aus den Däichwise sech dann och 3 wichteg Punkte geséchert. No 90 Minutte konnte si sech mat 4:2 géint Käerjeng behaapten. Déi Ettelbrécker, aktuell op der 3. Plaz an der Tabell mat 28 Punkten, konnten doduerch de Réckstand op Käerjeng op 3 Punkte verkierzen. 

Un der Spëtzt bleift weider Rëmeleng mat 34 Punkten. E Mëttwoch den Owend huet ee mat 3:2 zu Hesper gewonnen.

Um Wupp vun der Tabell bleift et weider enk. Ierpeldeng op der 11. Plaz huet fir de Kont vum 14. Spilldag mat 1:2 an der Millebaach verluer. Dovunner profitéiert hu Gréiwemaacher an d'Union Käl/Téiteng.

Gréiwemaacher konnt sech géint Mamer mat 1:0 behaapten an huet op der 12. Plaz nëmmen nach 2 Punkte Réckstand op Ierpeldeng. D'Schlussliicht d'Union Käl/Téiteng huet géint Sandweiler mat 4:3 d'Iwwerhand behalen an huet nëmmen nach 4 Punkte Réckstand op Ierpeldeng.

D'Partie tëscht dem FF Norden 02 a Wolz gouf ofgesot.

LINK: D'Éierepromotioun am Iwwerbléck