Mat Effet immédiatHamburger SV entléisst de Clubchef an de Manager

De Bundesligist Hamburger SV huet d'Handbrems gezunn a mam Heribert Bruchhagen a Jens Todt de Clubchef an de Manager mateneen erausgehäit.

Den Hamburger SV steet, mat nëmmen 18 Punkten, op der virleschter Plaz an der Bundesliga-Tabell, virum 1. FC Köln.

De Fank Wettstein, vum Finanzvirstand, soll elo déi operativ Féierung vum Veräin iwwerhuelen, bis een eng Léisung fonnt hätt.

De President vum HSV Bernd Hoffmann, deen eréischt den 18. Februar op dee Poste gewielt gouf, huet matgedeelt, dass een d'Gesamtsituatioun genee analyséiert hätt an et wéilt ee sech elo nei ausriichten. 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.