VIDEO: Paris-Nice: 5. EtappJérôme Cousin wënnt aus Echappée eraus

Eng kleng Echappée vu 4 Mann konnt sech laang virum Peloton behaapten a mat e puer Sekonnen virum Peloton koum och ee vun hinnen iwwer d'Zil.

Jérôme Cousin wënnt aus Echappée eraus (08.03.2018)
Eng kleng Echappée vu 4 Mann konnt sech laang virum Peloton behaapten a mat e puer Sekonnen virum Peloton koum och ee vun hinnen iwwer d'Zil.
Véier Mann hate sech am Ufank vun der Etapp ofgesat a si hunn un der Spëtzt dominéiert. De Jérôme Cousin konnt sech duerch d'Echappée och de Biergmaillot sécheren. Um Schluss vun der Course waren et dann eben nach hien an den Nils Politt, déi probéiert hunn, fir virum Peloton iwwer d'Arrivée ze kommen. Dat sollt hinnen och geléngen. Zum Schluss huet de Cousin sech am Sprint duerchgesat, dat wuel och, well de Politt de gréissten Deel vun der Aarbecht gemaach huet.

Déi 8 Etappe vu Paris-Nice ginn all Dag live op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.

D'Presentatioun vun der Etapp

Iwwer 165 Kilometer ass et um Donneschdeg vu Salon-de-Provence op Sisteron gaangen. Um 11.15 Auer huet sech de Peloton op de Wee gemaach. Tëscht Arrivée an Zil hu si véier gréisser Koppen, 2 Mol vun der Kategorie 3, 1 Mol vun der Kategorie 2 an 1 Mol vun der Kategorie 1 hannert sech bréngen, woubäi déi 2 schwéier an der éischter Hallschent vun der Course op si gewaart hunn. No 95 Kilometer an no 156 Kilometer gouf et dann och nach Punkte fir de beschte Sprinter.



Resumé vun der 5. Etapp
No ronn 9 Kilometer hu sech den Nicolas Edet (Cofidis), de Jérôme Cousin (Direct Energie) an de Julien El Fares (Delko Marseille Provence) ofgesat. 3 Kilometer méi spéit huet de Nils Politt (Katusha) sech hinnen ugeschloss. Si sollten d'Echappée vum Dag ginn, déi esouguer eng Avance vu 5 Minutten an 20 Sekonne konnten erausfueren, dat no 81 Kilometer, also knapp der Hallschent vun der Course. Ma dono huet de Peloton den Tempo ugezunn, dat wuel och, well de Julien El Fares just e Retard vu 4 Minutten a 4 Sekonnen op de Luis Leon Sanchez (Astana) huet.




15 Kilometer viru Schluss war d'Avance op 1 Minutte a 50 Sekonne gefall an de Peloton ass lues awer sécher méi no komm, esou dat déi kleng Echappée och nach ausernee gebrach war. 12 Kilometer viru Schluss haten den Nils Politt an de Jérôme Cousin nach eppes méi ewéi 1 Minutt Avance op de Peloton. Kuerz viru Schluss huet de Cousin sech dann nach eng Kéier d'Punkten op der Kopp geholl, dat huet hinnen Zäit gutt gemaach a si konnten nees eng kleng Avance huelen. De Cousin war iwwregens op all Kopp als Éischten driwwer, esou datt hien no der Etapp de Maillot vum beschte Biergfuerer kann undoen.

De Cousin huet den Nils Politt dono awer schaffe gelooss an huet selwer kee Relais un der Spëtzt geholl. Dat hat awer den Nodeel, datt si manner séier waren, wéi si hätte kéinten an de Peloton ëmmer méi no koum. 5 Kilometer virun Arrivée huet e Cousin dann awer kuerz Relaisen iwwerholl. Nach iwwer 22 Sekonnen Avance hate si op de Peloton, wéi d'Echappée nach 2 Kilometer ze fueren haten. De Jérôme Cousin huet zum Schluss wéineg Problemer gehat, fir den Nils Politt z'iwwerhuelen, dat wuel och, well hien ganz wéineg Aarbecht op de leschte Kilometer gemaach huet a vum Coureur vu Katusha profitéiert huet.

De Jempy Drucker war nom Sommet vum Col du Négron, dat eng 60 Kilometer virun der Arrivée, an der Descente zesumme mat anere Cycliste gefall. De Lëtzebuerger konnt awer no dëser Chute weiderfueren.

Klassement vun der 5. Etapp


De Jempy Drucker fiert als 138. mat engem Retard vun iwwer 11 Minutten op de Gewënner iwwer d'Linn.

Generalklassement no der 5. Etapp


Am General kënnt de Lëtzebuerger op déi 115. Plaz, dat mat engem Retard vun iwwer 20 Minutten.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.