Tirreno-Adriatico: 2. EtappMarcel Kittel wënnt am Sprint viru Sagan an Nizzolo

Op der zweeter Etapp vun der Course ass et iwwer 167 Kilometer op Camaiore Follonica gaangen.

© Tirreno Adriatico Twitter
U sech war et eng Etapp fir d'Sprinter, wa si dann iwwer déi éischt Kopp, de Montemagno, kuerz nom Depart komm sinn. Eng kleng Grupp vun dräi Leit konnt sech ofsetzen, ma d'Sprinterequippe wollten hinnen d'Chance net loossen, fir virun hinnen an d'Zil ze kommen. Sou goufen de Jacopo Mosca, de Gui Sagiv an den Alexandr Foliforov ronn 12 Kilometer viru Schluss, wéi si an der zweeter vun dräi Ronne vum Parcours, déi zum Schluss vun der Etapp gefuer goufen, agefaangen.




Dono hunn d'Sprinter d'Etapp dominéiert a ganz zum Schluss konnt sech de Marcel Kittel op de leschte Meter duerchsetzen, dat virum Peter Sagan an dem Giacomo Nizzolo. D'Resultat vun der Etapp hat awer keng Auswierkungen op d'Generalklassement, wou nach ëmmer de Patrick Bevin vum BMC d'Nues vir huet.

D'Klassement vun der 2. Etapp



D'Generalklassement no der 2. Etapp

1 Patrick Bevin (BMC Racing) 4:34:43
2 Damiano Caruso (BMC Racing) 0:00:00
3 Greg Van Avermaet (BMC Racing) 0:00:00
4 Rohan Dennis (BMC Racing) 0:00:00
5 Daryl Impey (Mitchelton-Scott) 0:00:04
6 Michal Kwiatkowski (Sky) 0:00:09
7 Geraint Thomas (Sky) 0:00:09
8 Salvatore Puccio (Sky) 0:00:09
9 Chris Froome (Sky) 0:00:09
10 Jonathan Castorviejo (Sky) 0:00:09


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.