Veräiner reagéierenMeenungen iwwer skandinavesche Modell ginn auserneen

Obwuel elo 2 Spilldeeg wéinst dem schlechte Wieder ofgesot goufen, si sech d'Veräiner, wat de skandinavesche Modell betrëfft, net eens.

Nodeems zwee Weekender am Futtball net gespillt konnt ginn, wëll d'Wiederkonditiounen et net zougelooss hunn, gëtt bei eis am Land vill iwwer de skandinavesche Model diskutéiert. Och bei de Veräiner ass dat een Thema. An d'Meenungen ginn auseneen.

Veräiner iwwer skandinavesche Modell / Reportage Rich Simon

Bei eis am Land gëtt tëscht August a Mee gespillt. A Skandinavien tëscht Mäerz/Abrëll an November, a sech während deene Méint, wou d'Wieder am Prinzip besser ass. Déi Leit, déi dem skandinaveschem Model kritesch géinteniwwer stinn, soen, et wier schwéier, dee bei eis am Land ëmzesetzen. Ënnert anerem wéinst den 2 Méint Summervakanz an och dem Congé Collectif am Bau-Sektor. Fir den Team-Manager vu Stroossen Luc Hilger ass dat awer net onbedéngt ee Grond, fir net op de skandinavesche Model ze goen.

Wann s de bis e gewëssenen Niveau spills, sief et BGL-Ligue oder Éirepromotioun, verdénge verschidde Spiller jo hiert Geld domadder. Do muss e si dann awer wëssen, wat si maachen. Wann dee Modell dann en Place wier, géif een zu Stroossen dem Spiller dann imposéieren, fir do ze sinn, oder, wann dat net géif goen, de Spiller net engagéieren. Fir de Luc Hilger awer ass et éischter schwéier et z'imposéieren, well d'Nopeschlänner do net matspillen.

Den Trainer vun der Jeunesse Marc Thomé ass net waarm fir de skandinavesche Model. Fir hien ass dëst Quatsch, och wann hie gär bei guddem Wieder Futtball spillt. Donieft fäert de Marc Thommé, datt d'Moyenne vun den Zuschauerzuelen géifen an de Keller goen.

Och den Trainer vu Rouspert René Roller gesäit kee Grond, fir op de skandinavesche Model iwwerzegoen. Zanter 50 oder 60 Joer gëtt esou Futtball gespillt, also soll dat och esou weider goen. A Skandinavien ass dëst duerch d'Wieder da méi schwéier. Déi leschte Kéier, datt wéinst dem Wieder ganz Spilldeeg ofgesot goufen, war 2013 de Fall.

De beschte Golgetter an der BGL Ligue ass den Ament den Alexsandre Karapetien vu Nidderkuer. Fir hien ass de Kalenner wéi en den Ament ass, dee Richtegen. Well dëst Joer hate mer e kale Wanter an hie mengt net, datt dëst elo all Joer de Fall kéint sinn.

Och bei der Federatioun gesäit een deen Ament keen Handlungsbedarf.

Paul Philipp kloer géint de skandinavesche Modell

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.