PyeongchangDéi 12. Editioun vun de Wanter-Paralympics ass lancéiert

E Freideg ass zu Pyeongchang den Optakt vun der 12. Editioun vun de Wanter-Paralympics, déi bis den 18. Mäerz daueren.

© AFP
670 Athleten aus 45 Natiounen trieden un, ënnert anerem am Schi alpin, am Biathlon, am Laanglaf an am Snowboard. Weider Kompetitiounen op de Paralympics sinn Äishockey a Rollstull-Curling. Wie matmaachen dierf, ass kloer reglementéiert a gëtt op Basis vun de gesondheetleche Problemer, déi di betraffen Athleten hunn, jugéiert.

Déi éischt Paralympics goufen et iwwregens am Joer 1976 a Schweden.