ATP-Masters 1000 Monte CarloGilles Muller wënnt am éischten Tour géint de Florian Mayer
De Gilles Muller huet am éischten Tour vum ATP-Masters 1000 zu Monte Carlo mat 7:5 a 6:3 géint de Florian Mayer aus Däitschland gewonnen.
Vun RTL

Ma esou gutt den éischte Saz fir de Gilles Muller opgehalen huet, esou schlecht huet den zweete Saz ugefaangen. De 34 Joer ale Mayer konnt nämlech direkt ee Break realiséieren, fir mat 1:0 a Féierung ze goen. Ma du koum awer direkt d'Reaktioun vum Lëtzebuerger. Hien huet den Däitschen ënner Drock gesat a konnt esou ee Re-Break realiséieren, fir nees auszegläichen. De Gilles Muller huet dunn nees an der Schlussphas vum Saz fir d'Entscheedung gesuergt. Beim Stand vu 5:4 huet hien op een Neits beim Service vum Mayer gutt gespillt, fir hien ze breaken an esou den zweete Saz an och d'Partie fir sech ze entscheeden.
An der zweeter Ronn kritt de Spiller vun der Spora et bei dësem Tournoi, deen direkt hannert de Grand Slamme kënnt, mat deem aneren Däitschen, dem Alexander Zverev, der Nummer 4 op der Welt, ze dinn.
Är Commentairen - Netikett
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.