ËMFRO: Wou lant d'Borussia?BVB muss fir de Rescht vun der Saison op de Batshuayi verzichten

Batter Noriichte fir all Dortmund-Fan, well de Veräin muss nämlech fir de Rescht vun der Saison op de Stiermer Michy Batshuayi verzichten.

© afp
De Belsch, dee vum FC Chelsea ausgeléint gouf an den Aubameyang ersetze sollt, huet sech e Sonndeg am "Revierderby" géint Schalke 04 blesséiert. E Méindeg huet d'Borussia dunn déi batter Noriicht kommunizéiert: de Batshuayi feelt fir de Rescht vun der Saison.




De belschen Nationalspiller huet sech um Spronggelenk wéigedoen. De Batshuayi wënscht dem BVB iwwerdeems vill Gléck fir de Rescht vun der Saison.




Bei Dortmund leeft d'Saison net esou, ewéi erwaart. Nodeems een e ganz gudde Start erwëscht hat mam Trainer Peter Bosz, ass et dunn awer praktesch nëmme méi biergof gaangen. An der Champions League Gruppephas koum een net iwwer déi drëtt Plaz eraus an et huet ee missen an d'Europa League. Ënnert dem neien Trainer Peter Stöger gouf et dunn och nach d'Aus géint Salzburg an der Europa League an d'Aus am DFB-Pokal.

Elo huet een e Sonndeg och nach géint de grousse Rival vu Gelsenkirchen verluer an och eng Plaz an engem europäesche Pokal ass nach net sécher. Aktuell sti si op der 4. Plaz mat 51 Punkten.