Formel 1: QualifyingLewis Hamilton op der Pole Position virum Valtteri Bottas

Um Samschdeg war mam Grousse Präis vu Barcelona a Spuenien den Optakt vun den europäesche Coursen.

© afp
An engem spannende Qualifying ka sech Mercedes viru Ferrari duerchsetzen. Aus der éischter Rei start de Lewis Hamilton vun der Pole Position virum Valtteri Bottas. Vun der drëtter Plaz start de Sebastian Vettel, dat virum Kimi Räikkönen.




Den Depart vun der Course ass e Sonndeg de Mëtteg um 15.10 Auer.

Am WM-Klassement huet de Lewis Hamilton un der Spëtzt den Ament eng Féierung vu 4 Punkten op de Sebastian Vettel.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.