Biergcourse-EMDe Guy Demuth gëtt gudde 4ten a Portugal

Am Kader vun der Biergcourse-Europameeschterschaft ass de Lëtzebuerger Guy Demuth a Portugal op sengem Norma M20 FC un den Depart gaangen a goufe de 4ten.

© Henri Schwirtz

Gewonne gouf d'Course vum Topfavorit aus Italien, dem Simone Faggioli (och op Norma M20 FC).

Zweete gëtt  e weideren Italiener a Persoun vum Christian Merli um Osella FA30.

Plaz 3 ass fir de Fransous Sébastien Petit, deen de leschte Weekend nach zu Eschduerf mat engem neie Streckerekord gewonnen huet. 

De Guy Demuth kënnt op der 2. Course mat sengem neien Auto also direkt op eng exzellent 4. Plaz op enger Manche vun der Biergcourse-EM. 


Link: Resultater vun der "39ª RAMPA INTERNACIONAL DA FALPERRA"

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.