BundesligaRB Leipzig an Trainer Hasenhüttl trenne sech

Wéi et vun der "Leipziger Volkszeitung" heescht, géingen RB Leipzig an de Ralph Hasenhüttl vun elo u getrennte Weeër goen.

© afp
Dëst soll e Mëttwoch de Moie geschitt sinn. Nodeems Leipzig lescht Joer op déi zweete Plaz komm ass, ass dëst Joer nëmmen eng 6. Plaz am däitsche Championnat erausgesprongen, dat war wuel ze wéineg fir d'Ambitioune vum Veräin.

Wien den Trainerposte fir d'nächst Saison iwwerhuele soll, ass nach net gewosst.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.