Lëtzebuerger Profi an der 1. Bundesliga?Düsseldorf wuel um Laurent Jans intresséiert

Wéi et vun "Het Laatste Nieuws" heescht, soll Fortuna Düsseldorf um Lëtzebuerger Laurent Jans intresséiert sinn.

© pressphoto Archiv
De Laurent Jans spillt aktuell an der Belsch bei Waasland-Beveren, wou hie bal ëmmer zur Startformatioun gehéiert. De Lëtzebuerger huet wuel nach ee Vertrag bis 2019 bei Waasland-Beveren, ma wéilt awer anscheinend wiesselen.

Düsseldorf ass awer net déi eenzeg Ekipp, déi intresséiert ass um Lëtzebuerger, och Lokeren a Genk sollen een Aen op de Lëtzebuerger Defenseur geheit hunn.

Fir de Fall, dass de Jans op Düsseldorf wiessele géing, kéint de 25 Joer ale Lëtzebuerger déi nächst Saison an der 1. Bundesliga spillen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.