BasketDe Samy Picard zitt e Schlussstréch ënnert seng Karriär

D'Amicale Steesel huet um Mëttwoch de Mëtteg an engem Schreiwes matgedeelt, datt de Samy Picard mat senger aktiver Karriär ophält.

© pressphoto (Archiv)

De Samy Picard hält op / Reportage Jeff Kettenmeyer



D'Rumeur ass schonns eng Zäitchen duerch de Lëtzebuerger Basket gaangen, elo ass et offiziell. De Samy Picard vum Champion Steesel hänkt seng Basketsschung un den Nol.

Domat hält ee vun den aktuell beschte Lëtzebuerger Spiller am Alter vun 29 Joer op.

De Samy Picard huet zanter sengem Retour vun Tréier déi lescht 6 Joer net nëmmen der Amicale Steesel, mä och dem Lëtzebuerger Basket am allgemenge säi Stempel opgedréckt.

De fréiere Miseler huet sech net vun enger zolitter Blessur um Fanger zeréck geheie gelooss, déi hie praktesch eng ganz Saison kascht huet, an huet souwuel defensiv wéi offensiv ëmmer alles fir seng Ekipp ginn.

Well och berufflech déi nächst Etapp soll erreecht ginn, huet de Samy Picard decidéiert, mat 29 Joer d'Schung un de Nol ze hänken. D'Famill, Aarbecht, de Basket an och nach niewebäi léieren, dat wär ze vill ginn. Nom Doublé war et fir de Samy Picard dunn de richtege Moment, fir e Schlussstréch ënnert seng Karriär ze zéien.

De Samy Picard huet de Wee vun de Musel Pikes op Tréier gesicht, fir um Enn déi lescht 6 Joer zu Steesel ze spillen an do am Ganze 6 Titelen ze wannen, 3 mol d'Coupe an och 3 Championstitelen. Deemools ass zu Steesel d'Ära vum Trainer Ken Diederich, dem Samy Picard als Spiller an dem President Frank Fischer ugaangen.





Donieft bleift de Yann Wolff eng weider Saison zu Steesel.

Portrait Samy Picard (27.05.2018)
Am Alter vun 29 Joer huet de Samy Picard e Schlussstréch ënnert seng laang Karriär gezunn.

Schreiwes vun der Amicale Steesel:

Chers amis de la presse sportive,

Amicale vous annonce que pour notre équipe hommes, Samy Pickard arrête sa carrière active, Yann Wolf reste fidèle à Steinsel et David Reinig retourne à Steinsel après un bref détour au Racing.

 

Pour notre équipe Dames, aucun changement n’est à signaler à date d’aujourd’hui.