BoxenMega-Fight: Joshua géint Wilder!

Informatioune vum US-Sender ESPN no kënnt et zu engem Kampf tëscht dem Schwéiergewiichtsweltmeeschter Anthony Joshua an dem Deontay Wilder.

De Joshua hält momentan d’Titele vun de Verbänn IBF, WBA a WBO. De Wilder ass aktuellen WBC-Champion.

Den amerikanesche Boxer huet ESPN confirméiert, dass hien d’Offer vum Joshua sengem Promoteur, Eddie Hearn, ugeholl huet.

Den Duell soll am Heemechtsland vum Joshua a Groussbritannien organiséiert ginn. E Réckkampf an Amerika soll, dem Bericht no, och en Deel vum Deal sinn.

De Britt huet a senger Boxkarriere nach kee Match verluer an 20 vu sengen 21 Kämpf duerch KO gewonnen.

Och den Amerikaner ass momentan nach ongeschloen an huet eng impressionnant Statistik virzeweise mat 39 Victoirë fir 40 Kämpf.

De Gewënner vun dësem Match, gëtt deen éischte Boxer mat alle 4 Schwéiergewiichtstitelen. Leschten onëmstriddene Champion war de Britt Lennox Lewis an de Joren 1999 an 2000, mä d’WBO huet deemools nach net zu den Weltverbänn gehéiert.

Deontay Wilder


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.