Futtball-WM 2026Paul Philipp vun der amerikanescher Propos net iwwerzeegt

Virum Optakt vun der Futtball-Weltmeeschterschaft en Donneschdeg, ass e Mëttwoch nach zu Moskau ee Fifa-Kongress an dat ass kee ganz onwichtegen.

© pressphoto Archiv
Et gëtt nämlech decidéiert wou d'Futtball-WM 2026 ass, zwou Kandidaturen kommen hei nach a Fro. Op där enger Säit de Maroc an op der anerer den Dräierpack USA, Kanada a Mexiko.

Den FLF-President iwwer d'WM 2026



Bei dëser amerikanescher Propos huet den FLF-President Paul Philipp seng Bedenken. Schonn eleng d'Deplacementer stellt den FLF-President sech schwiereg vir. Dozou géing kommen, dass och ee groussen Deel vun der Ambiance géing verschwannen.

Den amerikanesche President Donald Trump huet scho mat Konsequenze gedreet, sollten d'Fifa-Memberen di nordamerikanesch Kandidatur net ënnerstëtzen.

De Fifa-President Gianni Infantino huet sech och fir des Kandidatur ausgeschwat. Haaptursaach solle virun allem déi héich Recettë sinn, déi am Verglach mam Maroque duebel sou héich wäerte sinn. Vun 11 Milliarden US Dollar geet Rieds.

Den DFB huet iwwerdeems en Dënschdeg den Owend wësse gedoen, dass een d'Kandidatur aus Nordamerika wëll ënnerstëtzen. Wéinst dem neie Format vun enger WM mat 48 Equippen, hätten et kleng Länner ouni grouss Kapassitéiten u Stadionen schwéier sou en Evenement ze organiséieren, gëtt den DFB-President Rheinhard Grindel zitéiert.

Bis zu 207 Member mussen hir Stëmm um Kongress zu Moskau ofginn. 104 Stëmme si fir eng absolut Majoritéit néideg. Fir d'éischte Kéier ass de Vott och op fir all d'Federatiounen. An der Zäit hu just déi puer Fonctionnaire vum Exekutivcomité vun der Fifa an engem geheime Vott driwwer ofgestëmmt, wat fir Diskussioune gesuergt huet.

Diskutéiert gëtt dann um Kongress och iwwert de Plang vum FIFA-President, d’WM 2022 am Katar, méiglecherweis schonn mat 48 Equippen, amplaz vun de bis ewell 32 ze spillen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.