Blessur virun 3 JoerBush kritt 12,45 Milliounen Dollar Schuedenersatz vun de Rams

De Reggie Bush hat sech am Joer 2015 am Stadion vun de Los Angeles Rams de Meniskus gerass an huet de Veräin verklot.

© afp
Ee Geriicht zu St. Louis huet d'Rams en Dënschdeg zu 12,45 Milliounen Dollar, ëmgerechent 10,6 Milliounen Euro veruerteelt. Dës Zomm musse si dem Reggie Bush elo bezuelen.

De fréiere Spiller vun de Francisco 49ers war virun 3 Joer am Stadion vun de Rams zu St. Louis op enger Betonsplack ausgerutscht. Dobäi huet hie sech de Meniskus gerass an domat war d'Saison fir hien och fäerdeg.

Seng Klo huet hien am Joer 2016 agereecht, hien huet nämlech behaapt, dass hien ouni dës Blessur, déi Saison drop, ee lukrative Vertrag hätt kënnen ënnerschreiwen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.