VIDEO: FIFA-KongressWeltmeeschterschaft 2026 ass a Kanada, Mexiko an den USA

E Mëttwoch ass um FIFA-Kongress d'Entscheedung gefall, wou d'Weltmeeschterschaft am Joer 2026 wäert sinn.

Football WM 2026 (13.06.2018)
Kanada, USA a Mexiko wäerten d'WM an 8 Joer organiséieren.
Um Enn hu si sech fir d'USA, Mexiko a Kanada decidéiert. Déi dräi Länner hu sech domat géint Marokko duerchgesat, déi och kandidéiert hunn.

WM 2026 / Reportage Jeff Kettenmeyer



Et wäert dann och déi éischt Weltmeeschterschaft sinn, wou 48 Länner deelhuelen, dat sinn der 16 méi, ewéi nach bei dëser WM.

Lëtzebuerg hat fir Marokko gestëmmt, wat sech och nom Kommentar vum FLF-President Paul Philipp ugedeit hat.

LINK: Hei den Detail, wéi déi eenzel Länner ofgestëmmt hunn.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.