Handball KäerjengTop-Butteur aus der National 2 kënnt op Lëtzebuerg

Den HB Käerjeng huet sech mam Yacine Rahim verstäerkt, dem beschte Butteur aus der franséischer National 2.

Dobäi krut den 22 Joer jonke Spiller e Kontrakt fir eng Saison, mat der Optioun op eng weider.

De Communiqué:

Nom Pierre Veidig ass den Handball Käerjeng frou bekannt ze ginn d'ass déi nächst Saison de Yacine Rahim d'Reie vun eiser Härenequippe verstäerke wäert.

De Yacine ass 22 Joer al, hien huet déi franséisch an déi algeresch Nationalitéit. Hien ass 1,86 grouss a weit 80 Kilo. Hie spillt am lénke Réckraum.

Originaire vum Club Omnisports Saint-Dizier, ass hien 2011 bei de Grand Nancy Handball (national 3) gewiesselt, 2014 ass hien du bei de Metz Handball (national 2) gewiesselt, wou hien d'lescht Saison déi meeschte Goler an der National 2 geschoss huet.

De Yacine huet elo mol e Kontrakt vun enger Saison mat enger Optioun op e weidert Joer.

Och him wësche mär vill Erfolleg an eisem Club.