U20-Athletissem-WMPlaz 18 fir Patrizia Van der Weken iwwer 200 m

An hirer Halleffinall kënnt d'Athletin op déi 6. Plaz mat engem Chrono vu 24 Sekonnen an 58 Honnertstel.

23''67 wieren néideg gewiescht, fir sech fir d'Finall ze qualifizéieren.

Domat gëtt d'Patrizia Van der Weken 18.

Un hir Beschtzäit vun 24 Sekonnen an 13 Honnertstel ass si an der Halleffinall net erukomm.

D'Liichtathletik-Weltmeeschterschaft vun den U20 ass zu Tampere a Finnland.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.