Formel 1Ricciardo verléisst Red Bull a geet bei Renault

E Freideg huet den Australier matgedeelt, datt hien um Enn vun der Saison no 5 Joer Red Bull wäert verloossen.

Et soll no 5 Joer Red Bull elo bei Renault fir den Daniel Ricciardo weidergoen. Do ass et dach gutt méiglech, datt hien den Teamkolleg vum däitschen Nico Hülkenberg gëtt, confirméiert ass dëst awer nach net.

Vu Red Bull heescht et, datt een d'Decisioun vum Ricciardo respektéiert an him all Guddes fir d'Zukunft wënscht.

2014 gouf den Australier Teamkolleg vum Sebastian Vettel a konnt mat Red Bull am ganze siwe Victoiren feieren a stoung am ganzen bis elo 29 Mol um Podium.




Elo muss Red Bull sech en neien zweete Pilot sichen, fir d'Teamkolleg vum Max Verstappen ze ginn. Logesche Kandidat wier de Carlos Sainz, deen aktuell fir Renault fiert, awer e Kontrakt mat Red Bull huet. Oder och de Pierre Gasly aus dem Schwësterteam Toro Rosso kéint d'Plaz kréien.

Renault, wou et de Ricciardo hinzitt, huet fir déi nächst Saisone grouss Pläng. 2019 wëll ee Victoirë sammelen an 2020 ëm de Weltmeeschtertitel matfueren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.