FOTOGALERIE GalamatchBäerbuerg-Mönchengladbach: Schauls, Strasser, Neuville, Pflipsen a Co

Mat 7:0 konnt sech d'Weisweiler-Elf géint eng Ekipp vu fréieren Nationalspiller duerchsetzen.

Am Kader vum 70. Anniversaire vum FC Berdenia Bäerbuerg ass eng Traditiounsekipp vu Borussia Mönchengladbach géint eng Selektioun vun eemolegen Nationalspiller vu Lëtzebuerg ugetrueden.

Virun ca. 550 Spectateure hunn déi eemoleg däitsch Profien 7:0 gewonnen, e Resultat, wat well zur Paus feststoung.

Bei Gladbach hu Leit wéi Oliver Neuville, Hans-Jörg Criens, Karl-Heinz Pflipsen matgespillt, bei Lëtzebuerg ënnert anerem de Manou Schauls, Carlo Pace, Marc Oberweis a Jeff Strasser.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.