Juventus sot "Nee"Real Madrid u Miralem Pjanic interesséiert

Wéi déi italienesch Zeitung Tuttosport schreift, hätten déi Kinneklech aus Madrid 60 Milliounen Euro fir de Pjanic gebueden.

© AFP

Wéi et schéngt ass Real Madrid um Miralem Pjanic interesséiert.

Wéi „Tuttosport“ mellt, hätten déi Kinneklech der Juventus eng Offer iwwer 60 Millioune gemaach, d'Italiener wier dorun allerdéngs net interesséiert.

Et lafen och Rumeuren, datt de Kontrakt vum Pjanic bei der Juve soll fréizäiteg bis 2023 verlängert ginn, mat engem méigleche Salaire vun 6,5 Milliounen Euro pro Saison.