VIDEO: Kaum ze gleewenRomano Fenati gräift Stefano Manzi bei héijem Tempo un d'Brems

Bei der Moto2-Course zu Misano gouf et eng ganz onsportlech a liewensgeféierlech Aktioun. De Rennstall "Marinelli Snipers" huet de Vertrag elo opgeléist.

De Romano Fenati huet hei nämlech op enger Riichter bei 217 km/h dem Stefano Manzi seng Brems gedréckt. De Manzi konnt gutt reagéieren a konnt eng Chute evitéieren.

De Weltverband FIM hat de Fenati fir 2 WM-Leef gespaart. Bei seng Ekipp kann en elo guer net méi zeréck an och de Wiessel bei d'Ekipp "Forward Racing", wou ausgerechent de Manzi ënner Vertrag steet, dierft elo platzen.

De britesche MotoGP-Veteran Cal Crutchlow huet an engem Interview gesot, dass hien der Meenung wier, de Fenati dierft ni méi un enger Motorradscourse deelhuelen.