HandballDany Scholten spillt net méi fir d'Nationalekipp
Dat huet de Lëtzebuerger Handballspiller e Freideg an engem Communiqué bekannt ginn.

Schreiwes vum Dany Scholten
Leif Sportsfrënn,
no 96 Matcher an der Lëtzebuerger Handballnationalequipe hunn ech decidéiert an Zukunft net méi fir d FLH ze spillen. Perséinlech hat ech mir en aneren Ofgang virgestallt mee dat war leider elo net méi méiglech.
Déi 2 Matcher géint Frankräich bleiwen sécher ëmmer a flotter Erënnerung, mee et waren virun allem déi flott Momenter an der Equipe wärend deenen sellegen Stagen an Deplacementer déi onvergiesslech bleiwen.
Merci un all déi Spiller mat deenen ech an där Zäit zesummen hunn dierfe spillen, mee och un all déi Leit ronderëm d´Equipe ouni déi dat alles net méiglech gewiescht wier. Ech hoffen datt d´FLH mat hirer Philosophie um richtege Wee ass an hir Ziler erreecht.
Der Equipe alles Guddes fir Zukunft an haalt de Roude Leif héich.
Matt sportleche Gréiss
Dany Scholten
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.