VIDEO: ZAK10 Joer ZAK, 10 Joer Inklusioun, 10 Joer Freed zesummen!

Um Samschdeg huet den ZAK säin 10. Gebuertsdag gefeiert. Zu Miersch an der Sportshal gouf dofir e groussen internationale Basketball-Tournoi organiséiert.

10 Joer ZAK, 10 Joer Inklusioun, 10 Joer Freed zesummen! (15.09.2018)
Um Samschdeg huet den ZAK säin 10. Gebuertsdag gefeiert. Zu Miersch an der Sportshal gouf dofir e groussen internationale Basketball-Tournoi organiséiert.
Am September 2008 hunn e puer Trainer, Basketspiller an Elteren de Projet an d'Liewen geruff. 10 Joer méi spéit feiert den Zak säin éischte ronne Gebuertsdag. Et ass eng Associatioun, déi nëmmen vum Benevolat lieft an zanter enger Joerzéngt fir Inclusioun an Integratioun suergt. An de Bilan no engem Joerzéngt ass positiv.

Souwuel eng Jongen ewéi eng Meedechersekipp ass am Basketchampionnat integréiert, mee den Zak fokusséiert sech net nëmmen op de Basket, mee huet nieft dem sportlechen och eng Rei sozial Aktivitéiten.

Haut gouf de ganzen Dag um Krounebierg zu Miersch gefeiert. Mat dobäi politesch Prominenz an Leit, déi den Zak zanter engem Joerzéngt begleet hunn.

Aus dem Zak ass eng Famille ginn. Haut gouf Gebuertsdag gefeiert, mee nächst Woch fänkt den Alldag erëm. Dat heescht Training an Matcher de Weekend. D'Motivatioun ass grouss. Net nëmmen fir déi nächsten Ofgaben, mee fir déi nächsten 10 Joer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.