Lëtzebuerger am AuslandDem Jeff Saibene seng Arminia deelt mat Magdeburg 0:0

Um Méindeg den Owend war et an der 2. Bundesliga d'Partie fir de 5. Spilldag tëscht Magdeburg a Bielefeld.

An den éischte 45 Minutte konnten trotz Passioun op béide Säite keng Chancen erausgespillt ginn.

An der 2. Halschent war fir d'éischt et Magdeburg, wat déi méi grouss Golchancen hat, wéi de Kappball vum Beck an der 61. Minutt zum Beispill.

D'Arminia Bielefeld ass réischt an de leschte Minutte méi geféierlech ginn, ma et sollt net sinn: Endresultat 0:0.

Anthony Moris hält Eelefmeter a rett Virton ee Punkt


Mat engem 0:0 trennt sech den Excelsior Virton géint Alost. Dozou huet den Anthony Moris e groussen Deel bäigedroen. De Lëtzebuerger Golkipp huet een Eelefmeter gehalen an och zwou gutt Chance vum Géigner paréiert. Den Aurélien Joachim ass an der Paus agewiesselt ginn, den Dwayn Holter an der 66. Minutt.

An der Ligue 2 am franséische Futtball huet den FC Metz 3-1 bei Béziers gewonnen. De Laurent Jans souz déi 90 Minutten op der Bänk. D’Grenats hunn als Tabelleleader no 7 Spilldeeg de Maximum vun 21 Punkten.

An der Regionalliga Südwest war de Maurice Deville mam Waldhof Mannheim 90 Minutten am Asaz. Och hei ass de Match géint Stuttgart II mat engem 0:0 op en Enn gaangen.

De Chris Philipps stoung bei Legia Warschau am Match géint Lech Posen net am Kader.

E Samschdeg huet den Olivier Thill a sengem éischte Match als Stammspiller mam FK Ufa 0:3 géint ZSKA Moskau verluer. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain.

Schonn um Freideg stoung säi Brudder, Vincent Thill, mam FC Pau (3. Divisioun a Frankräich) als Stammpsiller um Terrain an huet 1:1 géint den FC Villefranche gespillt.

Och de Christopher Martins huet schonn um Freideg mat Troyes an der Ligue 2 gespillt. Géint den FC Chamois Niortais stoung de Lëtzebuerger 90 Minutten um Terrain a gewënnt mat 2:0.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.