FotogalerienSascha Schultz verdeedegt säin Titel am Dressurreiden

Am Dressurstall "Wandhaff" waren dëse Weekend d'Landesmeeschterschaften am Dressurreiden.

Vum 14. bis de 16. September gouf zu Welschent am Dressurstall Windhof en Dressurturnéier organiséiert, wou och d'Landesmeeschteren an deene verschiddene Kategorië gesicht goufen a wou och d'Finalle vu verschidde Cups geridde gi sinn.

Bei de Seniore war um Enn den Titel fir de Sascha Schulz. Hien huet souverän mat sengem Päerd Dragao gewonnen an domadder säin Titel vun zejoert verdeedegt. D'Sëlwermedail huet sech d'Fie Skarsoe um So Dark geséchert an d'Bronzemedail war fir d'Mandy Zimmer um Jackpot.

FOTOGALERIE: Andréck vun alle Qualifikatioune vum 14.9. vum Emile Mentz.
FOTOGALERIE: Andréck vum Ketty a Rom Hankes, vum Freideg a vum Samschdeg.

© Ketty a Rom Hankes


Sascha Schulz neie Champion am Dressurreiden (16.09.2018)
Onkommentéiert Bildmaterial.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.