No Néierlag op der EMKevin Mayer stéisst am Zéngkampf an nei Sphäre vir

De Fransous huet um Sonndeg den ale Weltrekord vum Ashton Eaton ëm 81 Punkte verbessert.

© AFP
De franséischen Zéngkampf-Weltmeeschter Kevin Mayer huet beim Meeting zu Talence a Frankräich de Weltrekord däitlech verbessert. De 26 Joer ale Liichtathlet huet um Sonndeg 9126 Punkten erreecht an ass domadder däitlech iwwert dem ale Weltrekord vum US-Amerikaner Ashton Eaton bliwwen. Dësen hat 2015 9045 Punkte gesammelt.

De Mayer, deen am August bei der EM zu Berlin als Topfavorit no dräi ongëltege Versich am Wäitsprong gescheitert war, huet seng bis ewell Beschtleeschtung vun 8834 Punkte pulveriséiert.

Nom Eaton an dem Roman Sebrle ass de Mayer den drëtten Zéngkämpfer, deen iwwert der magescher 9000-Punkte-Grenz bliwwen ass.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.