Forfait vum Camila GiorgiMandy Minella elo am 1. Tour géint Kirsten Flipkens

Et gëtt ee weidere Forfait beim Tennis-Tournoi op der Kockelscheier. Wéinst enger Blessur um rietse Fouss kann d'Camila Giorgi net untrieden.

D'Italienerin sollt en Dënschdeg am éischten Tour géint d'Mandy Minella spillen. D'Lëtzebuergerin spillt elo géint d'Kirsten Flipkens. D'Spillerin aus der Belsch ass aktuell d'Nummer 52 vun der Welt. D'Mandy Minella steet op der 113. Plaz.

E Sonndeg konnt d'Camila Giorgi nach d'Finall vum WTA-Tournoi zu Linz gewannen. An der Finall huet d'Italienerin nëmmen 59 Minutte gebraucht, fir mat 6:3 a 6:1 géint d'Ekaterina Alexandrova aus Russland ze gewannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.