VIDEO: RBC Race for KidsInteressant Perséinlechkeeten um Laf fir de gudden Zweck

E Sonndeg war um Kierchbierg den RBC Race for Kids, deen an 11 Stied op der ganzer Welt zu gläicher Zäit organiséiert gëtt.

RBC Race for Kids (21.10.2018)
Um Sonndeg haten d'Kanner um Kierchbierg hire Spaass.
Esou e karitatiivt Evenement zitt dann och déi eng oder aner Perséinlechkeeten un. Esou huet de Bernd Thill mat Rob Lilwall geschwat, deen aus Sibirien mam Vëlo bis a Groussbritannien gefuer ass an ee vun den Ambassadeure vun dëser Course ass. Donieft war och de Frank Schleck un den Depart gaangen, als zweeten Ambassadeur vun dëser Aktioun. Fir hien ass et wichteg, datt een déi Jonk fir de Sport interesséiert.

Iwwregens gouf och Sport gemaach. Eng 1.000 Leit sinn hei un den Depart gaangen, e Klassement gouf et keent.

Dofir konnten awer ganzer 85.000 Euro gesammelt ginn, déi dem Kannerhaus Jean ze gutt kommen.

PDF: De Communiqué vim RBC Race for the Kids

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.